KROUNEBUERG              
 

Wëllkëmm um Kinnekräich Krounebuerg senger Säite! Hei kënnt Dir alles fannen iwwert dëst klengt Land, dat an de Vereenegte Staate vun Amerika grenzt. Obwuel, alles... Ech mengen alles wat ech bis haut beschriwwen hunn, well Krounebuerg net echt existéiert (an dofir ass et iwwerhaapt keng Menace fir d'Vereenegt Staaten oder iergendeen anert Land an der Welt - Dir braucht also net ze panikéieren).

Krounebuerg ass 1997 an d'Welt koum. Zur Zäit wor ech e jonke Member vun der hollännescher Associatioun fir Geofiktioun (GvG) a ganz interesséiert an engem vun hire Projeten: d'Ierdesch Geofiktiv Liga (AGL). Dat ass eng international Organisatioun fir Länner op der Äerd déi an eiser Realitéit net echt existéieren. Konditioune fir an d'AGL bäizetriede sinn, datt d'Land wéi en echt Land op der Äerd ausgesi soll, et soll net problematesch si fir d'Land an d'Weltgeschicht anzegoen ouni dës ze vill ze änneren, an et soll kee Land sinn datt Attentioun op sech zitt, also et kann net ze grouss oder ze mächtig sinn. An dësem Ament wor meng wichtegst Kreatioun e Kinnekräich (Letinien) südlech vu Franséisch-Polynesien, mat enger komescher Geschicht, déi et en net glafwierdegt Land gemaacht huet fir an d'AGL bäizetrieden. Amplaz vun deem hunn ech also Krounebuerg entwéckelt.

D'Kinnekräich Krounebuerg läit ëstlech vu Long Island a südlech vu Rhode Island (béid V.S.). Obwuel de gréisste Deel vum Land vëlleg fiktiv ass, hunn ech Martha's Vineyard an Nantucket fir krounebuergesche Zweck annektéiert, wouduerch béid Inselen eng aner Geschicht kritt hunn ewéi en Deel vun der Gemeng Dietzland. Eng kleng Insel tëschent Cape Cod a Boston ('West-Cod') gehéiert och zu Krounebuerg, zesumme mat e puer kleng iwwerséiesch Territoiren an der Karibik a fir d'kanadesch Küst. Krounebuerg gëtt 'd'Monaco vun Nordamerika' genannt, wéint den nidderege Steieren an de ville Kasinoen, déi vill Visiteuren aus Nei England unzitt. Den heitege Staatschef ass de Kinnek Alexander IV Louis (zënter 1991), dien en direkten Descendant vun z. B. dem Kinnek Wëllem I vun Holland ass (a Krounebuerg gëtt hi Wëllem IV genannt), awer och vum Keeser Franz Joseph vun Éisträich-Ungarn. Krounebuerg enthält eng grouss Zuel vun Inselen; d'gréisste vun deene sinn all bewunnt. Krounebuerg huet méi wéi 9 Millioun Awunner. D'offiziell Sprooch ass Hollännesch, awer op der Strooss schwätzen d'Leit de lokale krounebuergesche Dialekt (Kronenbörgsk) a vill hätte gär datt dësen zu d'offiziell Sprooch gemaacht gëtt.

D'iwwreg Säite sinn op Englesch.