| |
|
|
|
|
|
© Bernard van Dulmen Krumpelman ·
Lescht Ännerung: 22 Abrëll 2009 |
|
|
Musek fir Soloinstrumenter
Sonate nr. 1
pf · 2003 · ca. 8'00". E méi oder
manner klassescht Wierk an dräi Sätz.
Am Moment gëtt d'Sonate revidéiert.
Sonate
nr. 2 an 42 kuerze Stécker
pf · 2005 · ca. 17'00". E Skizzebuch an
zwee Deeler, déi ënnerdeelt gi
sinn an 21 Stécker. Den éischten Deel dauert véier Mol
sou laang ewéi
den zweeten.
Sonate nr. 3
pf · 2007/08 · ca. 10'00". E modernert
Stéck an deem e puer Regelen
duerchernee gebraucht gi sinn. Et gëtt dräi Sätz.
Lauschtert
hei zu
engem Fragment!
Zwee Stécker fir Flütt, Klarinett oder Saxophon
fl, cl of sax · 2008 · all Stécker 0'30".
Béid Stécker goufe geschriwwe
fir de schwedesche Veräi Föreningen Levande Musik.
'The Elevatrix'
gouf ausgewielt a vum 25. bis de 27. September 2008 vum
Thomas
Jäderlund (Saxophon), der Anna Svensdotter (Flütt) an
der Maria
Wigander (Klarinett) fir d'éischte Kéier opgeféiert.
Méi Informatioune fannt Dir
hei.
I. The Elevatrix
Ode op d'Patréinesch fir d'Leit déi
klammen an ënnergoen
II. Föränderliga Åsikter (Changéirend Meenungen)
Sonate
Celesta · 2008 · ca. 7'00"
Kammermusek
VerDeWaald
cl + 2fg + vc + pf · 1999 · ca. 6'00". An
zwee Sätz. Paraphrase iwwert
e puer Nouten aus dem
Alex Manassen säi Stéck De Waal.
Arrangéiert
fir fl + cl + fg + vc + pf fir d'Concoert Gedaanten
fir d'Geleeënheet vun
dem hollännesche Komponist
Daan Manneke säi 60. Gebuertsdag.
Fp. 14 Januar 2000 an der Broerenkerk zu Zwolle vum
Benny (Klarinett),
der Berdien (Fagott), der Marianne (Flütt), der Myrthe
(Cello) an der Nynke
(Piano)
Evenementer · Sonate fir Klarinett a Piano
cl + pf · 2000 · ca. 12'00". An dräi Sätz.
Fp. 16 November 2000 am Odeon zu Zwolle vun der Leonie
(Klarinett)
an der Sarah (Piano)
Sonate fir
Sträichquartett
2v + va + vc · 2005 · ca. 9'00". An
dräi Sätz. Geschriwwe fir den
Aberdeen Music Prize 2005. D'Sonate gouf belount
mat engem
sympathesche Bréif vun der Organisatioun.
Louis mag niet mee naar Denemarken
1111/0000/Mandoline, Gittar, Harf, pf, v,
va, vc, cb · 2005 · ca. 2'30".
Den Titel (De Louis dierf net matgoen no Dänemark)
entstung während
ech eng CD gelauschtert hu vum hollännesche Komponist
Louis
Andriessen, awer
éier ech an d'Vakanz fuere wollt, hunn ech
d'CD
erëm no der Bibliothéik zréckbrénge mussen.
Crater I · Siechzéng Stécker fir Piano, Gei an Cello
pf + v + vc · 2005 · ca. 14'00"
Frēn I
Piccoloflütt + cl an Es + Celesta · 2006 ·
ca. 8'15"
Eelef Quartetter
2 hb + Englesche Cor + Fagott · 2006 · ca.
9'00". Déi eelef Quartetter,
awer och Crater I, Frēn I an d'Sonate an 42 kuerze
Stécker ginn all
enger Iddi ervir, fir e puer Miniatursstécker mat
enaner ze kombinéiere
bis eent Wierk. Virun allem d'eelef Quartetter hu keng
fest Reiefolleg
a kënnen eenzel opgeféiert ginn.
Lauschert hei
zu engem Fragment!
Dräi Quartetter
fl + Blockflütt + Altblockflütt + pf · 2008 ·
ca. 1'30".
Geschriwwe fir meng Sëschter an hir Frënn.
Orchester
Kalad (Pisces) ·
kleng Sinfonie fir Orchester
Klarinett, Bassklarinett, Kontrafagott,
zwee Trompetten, Piano, Sträicher ·
2005 · ca. 12'30" · Véier Sätz.
Diskussion
3233/2231/Pauken, Vibrafon,
Piano/Celesta, Sträicher · 2005 · ca.
13'00". Op Themaen vum Ferenc Liszt. Geschriwwe
fir e Concours
vun der Liszt Héichschoul fir Musek zu Weimar
(Däitschland), fir dien
um Enn iwwerhaapt kee Präis iwwerreecht ginn ass.
Zwee Stécker fir Orchester
2222/2221/Celesta/Sträicher · 2006 · ca.
11'00".
|
|