© Bernard van Dulmen Krumpelman · Lescht Ännerung: 11 Januar 2011

Nouveautéiten
- 11 Januar 2011: Aktualiséierung vun der Wierkerlëscht.
- e puer Lauschterfragmenter (net vun echte Léit gespillt):
     1) Pianossonate nr. 3 (1'02").
     2) Eelef Quartetter (0'42").
-
30 November 2008: Sonate fir Celesta
- 25-27 September 2008: d'Première vun 'The Elevatrix' an engem Lift am Gothia Hotel zu Göteborg (S), vum Thomas Jäderlund (Saxophon), der Anna Svensdotter (Flütt) an der Maria Wigander (Klarinett).

Biografie

Den Erasmus Bernardus (Bernard) van Dulmen Krumpelman ass gebuer zu Winschoten (NL). Mat aacht Joren huet e fir d'éischt Piano gespillt an 1993 huet e seng éischt Musek geschriwwen. Vun 1999 bis 2001 huet en an der Constantijn Huygens Héichschoul fir d'Musek zu Zwolle studéiert, wou den Alex Manassen säi Kompositiounsproff war. An dëser Period gouf e puer vum Bernard senge Wierker gespillt, ënnert deene seng Klarinettssonate 'Evenementer'.

2001 huet de Bernard säin Hollänneschstudium an der staatlecher Universitéit zu Groningen erëm ugefaang; tëscht 1996 an 1999 hat en do schonn hollännesch studéiert. 2006 huet en do-mat opgehalen an am Joer duerno huet en op d'Stad Lëtzebuerg geplënnert.

Obwuel hien ëmmer komponéiert huet, huet näischt interessantes passéiert bis  September 2008; da gouf säin 30 Sekon-ne laangt Stéck 'The Elevatrix', dat hi fir de Projet Live Elevator Music vum schwede-sche Veräin Föreningen Levande Musik geschriwwen hat, mat Stécker vun zéng aner Komponiste fir d'éischt opgeféiert an engem Lift am Gothia Hotel zu Göteborg.