WAT ASS D'AGL?

'AGL' ass d'hollännesch Ofkierzung fir d'Liga vu Geofiktiv Natiounen. Dat ass eng international Organisatioun vu meeschtendeels onparteiesche Länner déi net wiirklech existéieren. Si gouf 1986 erschaaft vu Membere vun der hollännescher Vereenegung fir Geofiktioun. Zënter hu vill Länner vun der AGL fortgaangen, awer aner sinn dobäi koum. Am Moment huet d'AGL néng vollwäerteg Memberstaaten: Seppien, d'Mii-Inselen, Krounebuerg, Norland, Insulantis, Ëssel, Chimor, Île de Romanhe a Karstonia. D'Kinnekräiche Seppien a Karstonia sinn d'eenzege vun den heitige Memberstaaten dien d'AGL nach matgegrënnt hunn.

Et gëtt dräi wichteg Institutioune bannent der AGL. Op éischter Plaz gëtt et d'Konferenz; d'Versammlung vun Delegatiounen déi zweemol d'Joer ofgehale gëtt. D'Konferenz schwätzt iwwert Saachen déi sech bezéien op der Ausféierung vun den Aufgaben an Obligatiounen ewéi ëmschriwwen an Artikel 12 vun dem Traité vun Aralethe - der AGL säi Grënnungstraité.
D'zweet Institutioun ass d'Sekretariat, den exekutive Comité vun der AGL, déi hir Sëtzung an der seppescher Haaptstad Prisce huet. D'Sekretariat steet ënner der Presidence vum Generalsekretär, die vun der Konferenz op véier Joer ernannt gëtt (hien oder si dierf zweemol widderernannt ginn). D'heiteg Generalsekretärin, d'Karen Damgaard, gouf ernannt am 23. Februar 2008; si ass eng fréier Vizepresidentin vun Norland.
D'drëtt Institution ass der AGL hiert Iewescht Geriicht, dat hir Sëtzung an der seppescher Stad Jarjana huet. Dat Iewescht Geriicht gëtt nëmmen unerkannt vu Memberstaaten déi den Traité vu Jarjana ënnerschriwwen a ratifizéiert hunn. Den Traité vu Jarjana handelt sech ëm d'Rechter vu Persounen déi a Länner wunnen déi den Traité unerkennen.

D'AGL huet och e puer Ënnerorganisatiounen: d'AEGU (zu It Ton, an Ëssel) ass d'economesch Organisatioun vun der AGL. Duerno gëtt et EnerGeo (zu Ultruneum, an Insulantis), en Institut das de friddleche Gebrauch vun (alternativer) Energie stimuléiert. D'Monoghan Institute for the Environment (M.I.E., d'Monoghan Institut fir d'Ëmwelt, zu Turangi an de Mii-Inselen) observéiert d'Ëmwelt an den AGL-Länner a gëtt hinnen doriwwer Rot. Den Zenter fir Kulturell Collaboratioun 'Jan Ylieen' (zu Waterbuerg a Krounebuerg) wëll d'kulturell Zesummenaarbecht tëschent de Memberstaate stimuléieren.

D'AGL organiséiert regelméisseg e puer kulturell a sportlech Evenementer. Éischtens gëtt et d'Kulturell Haapstad vun der AGL; dësen Titel gëtt all Joer enger Stad an engem AGL-Memberstaat zouerkannt. 2010 ass d'Kulturell Haapstad El Centro, eng Stad an Chimor. Et gëtt eemol op véier Joren AGL-Spiller organiséiert; déi leschte Kéier, 2007, goufen dës a Middelhjem (Norland) ofgehalen. A schliisslech gëtt et d'AGL-Foussballsmeeschterschaft, déi gläichfalls eemol op véier Joren organiséiert gëtt. 2009 gouf si ofgehalen a Krounebuerg.

D'AGL-Memberstaaten

D'Kinnekräich Seppie läit an dem Atlantik, am Südweste vun Irland. D'Land ass e bësselche méi grouss ewéi Holland, huet méi ewéi 11 Millioun Awunner (vun deenen 80% Katholik ass) an huet dofir déi dichtste Populatioun vun de westeuropäesche Länner baussen der EU. D'seppesch Sprooch ass Famill mat dem Baskesch. D'Kinnigin Arna-Lotta ass d'seppesch Staatschefin zënter 1987. Seppie wor den 2. Mäerz 1986 ee vun de Grënnungsmemberen vun der AGL.

Déi Mii-Insele sinn e Kinnekräich tëschent Australien an Neiséiland. Dräi vun hiren néng Insele si bewunnt. Déi Mii-Insele sinn eng onofhängeg Natioun zënter si 1961 de Commonwealth verloossen hunn. Déi zwee wichtegste Sprooche sinn Englesch a Maori. Zënter Oktober 2000 ass de jonke kinnek Mii XIII den Inselen hire Staatschef. Déi Mii-Insele sinn 1992 der AGL bäigetrueden, éischtens ewéi en assoziéierten an den 16. Abrëll 1994 ewéi e vollwäertege Member.

Krounebuerg ass e klengt Kinnekräich tëschent Long Island, Rhode Island a Massachusetts. Am 16. a 17. Joerhonnert goufen d'Insele koloniséiert vu Leit aus zum dacksten den nërdlech hollännesch Provënzen Friesland a Groningen; d'Land gouf 1627 onofhängeg. De krounebuergesche Staatschef ass de kinnek Alexander IV (zënter 1991). D'Land ass zënter dem 31. Juli 1999 e vollwäertege Member vun der AGL, nodeem et eent Joer assoziéiert gewiescht wor.

Norland ass eng Republik an dem Atlantik, nobäi Argentinien an Uruguay. D'Inselgrupp gouf 1739 entdeckt vum Jean-Baptiste Lozier Bouvet a gouf duerno koloniséiert vun Dänen, Norweger an Englänner. Norland ass onofhängeg zënter 1921. Zënter 2004 ass de Christian Eckhof dem Land säi President. Norland ass 2002 en assoziéierte Memberstaat vun der AGL ginn, an nodeem, de 5. Januar 2003, huet d'Land d'vollwäerteg Memberschaft kritt.

No dem Ënnergang vum réimesche Räich sinn e puer Réimer iwwer d'Welt gereest fir eng Plaz ze siche wou si hiren Traditiounen no weiderliewe konnten. Si sinn op e puer Inselen am Indeschen Ozean koum a si hunn d'Keeserräich Insulantis gegrënnt. Am Moment ass de keeserlechen Troun vacant zënter dem leschte Keeser Alexandrus XI säin Doud an 2008. Insulantis ass e Memberstaat vun der AGL zënter dem 11. April 2009.

Ëssel ass e Kinnekräich an der Nordséi, dat eng laang Traditioun vu Béier huet. Am Moment ass de Staatschef de Kinnek Hirn-Jan IV (zënter 1987). D'Land ass laang reservéiert gewiescht wat international Collaboratioun ugeet, mä viru kuerzem gëtt dës Attitude kritiséiert bannen dem Land selwer. Ëssel huet den 13. September 2009 d'vollwäerteg Memberschaft vun der AGL kritt, wat gesi gi kann ewéi e virsiichtege Schrëtt an der Direktioun vun der internationaler Communautéit.

Chimor ass eng Inselgrupp am Pazifeschen Ozean, nobäi Peru a Chile. D'Land ass eng Republik mat enger ataxunistescher (pragmatesch sozialistescher) Grondlag. Säin Numm kënnt vun de Chimu, eng héichentwéckelt Kultur déi aus Peru fortgelaf ass virun den Inka. Chimor gouf 1980 onofhängeg vu Spuenien. Säi Staatschef ass d'Presidentin Rosita Nergaard Charango (zënter 2007). Chimor ass zënter dem 13. September 2009 e vollwäertege Member vun der AGL.

Île de Romanhe ass eng Republik am Indeschen Ozean, ongeféier 1500 km am Nordweste vun de Kerguelen. D'Land ass isoléiert a gebiergeg, et huet wéinig Awunner an d'Klima ass kal a lëfteg. 1982 gouf et onofhängeg vu Frankräich. Zënter huet d'Land turbulent Zäite gekannt, awer an de leschte Joeren ass et méi stabil ginn. De Guillaume Keztil Surt ass zënter 2005 dem Land säi Staatschef. De 13. September 2009 gouf Île de Romanhe e Member vun der AGL.

Karstonia ass e Kinnekräich am Baltesche Mier, dat grenzt un Estland a Lettland. D'Land wor den 2. Mäerz 1986 ee vun de Grënnungsmemberen vun der AGL, awer wor tëschent 2004 an 2009 kee Member. Karstonia huet wärend dem Kale Krich eng schwiereg Roll gespillt tëschent dem Westen an dem Osten, awer ass 1995 der EU bäigetrueden. Zënter 2007 ass den Henrik-Otkar II dem Land säi Kinnek.